Energieauer: D’Energie zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck
Entdeckt déi iwwersichtlech Plattform vu Klima-Agence an vum Wirtschaftsministère, fir d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg ze verstoen. Si weist Iech déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), fir d’Energietransitioun zu Lëtzebuerg aktiv virun ze dreiwen.
Nettoverbrauch an -import vu Stroum (am Netz vum GRT Creos)
Den ugewisene Verbrauch entsprécht dem Stroumverbrauch am Netz vu GRT Creos a SOTEL. Heibäi gëtt d’Autoconsommatioun net berücksichtegt. Den Nettostroumimport steet fir d’Differenz tëscht dem importéierten an dem exportéierte Stroum vun engem Land oder enger Regioun an engem bestëmmten Zäitraum. Wann e Land méi importéiert wéi exportéiert, huet et e positiven Nettoimport. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E a SOTEL.
PNEC-Zil 2030
Cet indicateur compare l'avancement actuel à l'objectif fixé pour 2030 dans le Plan national intégré en matière d'énergie et de climat (PNEC).
Verbrauch
Taux de couverture
de la consommation nationale
Production nationale
-
Renouvelable22,8 %
-
Non-renouvelable2,9 %
Import
-
Däitschland48,0 %
-
Belsch13,8 %
-
FranceN/A
An d'Netz agespeiste Stroumproduktioun
Usiicht vun den Undeeler vun de verschiddenen Energiequellen un der an d’Netz agespeiste Stroumproduktioun zu Lëtzbuerg. Den Import an Export, esou wéi déi autoconsomméiert Produktioun ginn heibäi net berücksichtegt. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.
PNEC-Zil 2030
Cet indicateur compare l'avancement actuel à l'objectif fixé pour 2030 dans le Plan national intégré en matière d'énergie et de climat (PNEC).
dovun erneierbar Energie
Opgedeelt op d’Energiequellen
-
Photovoltaik
Stroumproduktioun aus Solarenergie. Den Eegenverbrauch gëtt net mat aberechent.
62% -
Biomass a Biogas
Stroumproduktioun aus Biomass- a Biogasanlagen
15% -
Wandkraaft
Stroumproduktioun duerch Wandenergieanlagen
11% -
Offall
Stroumproduktioun aus der Offallverbrennung, dovu 53,7 % (Audit am Optrag vum ILR) aus erneierbarem Offall.
10% -
Äerdgas
Stroumproduktioun aus der Cogénératioun
1% -
Waasserkraaft
Stroumproduktioun aus Waasserkraaftwierker
1%
Ausbau vun der Photovoltaik
D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Photovoltaikanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi dës Anlagen ënnert optimale Sonneliichtbedingunge produzéiere kënnen, ouni Faktoren ze berécksiichtegen, déi déi deeglech Stroumproduktioun beaflosse kënnen, wéi d’Wieder oder Joreszäiten. Déi installéiert Kapazitéit gëtt eemol d’Woch iwwert d’Leneda Plattform aktualiséiert.
PNEC-Zil 2030
Cet indicateur compare l'avancement actuel à l'objectif fixé pour 2030 dans le Plan national intégré en matière d'énergie et de climat (PNEC).
Installéiert Kapazitéit
-
+55,55 MWsäit 2026
Gesamtkapazitéit
Nombre d'installations
Ausbau vun der Wandkraaft
D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Wandenergieanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi all dës Wandenergieanlagen ënnert ideale Wandbedingunge produzéiere kënnen. Déi installéiert Kapazitéit gëtt all Trimester iwwert d’Leneda Plattform aktualiséiert.
PNEC-Zil 2030
Cet indicateur compare l'avancement actuel à l'objectif fixé pour 2030 dans le Plan national intégré en matière d'énergie et de climat (PNEC).
Prognos vun der nationaler Stroumbelaaschtung
De StroumMonitor ass e Stroumbarometer, deen déi aktuell Situatioun am Beräich vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg weist. Den Netzwierkbedreiwer Creos Luxembourg S.A. gëtt de Konsumente präzis Informatiounen, wéi se hire Verbrauch upasse kënnen an esou eng sécher Stroumversuergung fir jidderee garantéiere kënnen.
| Spëtzenzäiten | |
|---|---|
|
10.08.2026
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
11-13h 17-19h |
|
11.08.2026
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
11-13h 17-19h |
|
12.08.2026
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
11-13h 17-19h |
-
Stroumnetz am Gläichgewiicht
Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.
-
Ugespaannt Stroumnetz
Et soll ee probéieren, säi Verbrauch ze reduzéieren.
-
Staark ugespaannt Stroumnetz
Et soll ee säi Verbrauch aschränken, fir Stroumausfäll ze vermeiden.
Elektromobilitéit
D’Zuel vun den ëffentlech zougängleche Luedpunkter an déi gesamt installéiert Stroumleeschtung zu Lëtzebuerg. Déi gesamt installéiert Stroumleeschtung ass d’Gesamtkapazitéit vun der Stroumversuergung vun alle Luedpunkter fir Elektrogefierer zu Lëtzebuerg. D’Donnéeë komme vum European Alternative Fuels Observatory.